Olympesch Wanterspiller 2006/Nordesch Schi

Déi Olympesch Réng
Déi Olympesch Réng

Bei den XX. Olympesche Wanterspiller 2006 zu Turin goufen 18 Concoursen am Nordesch Schi ausgedroen.

Géintiwwer den Olympesche Wanterspiller 2002 zu Salt Lake City war d'Verfollgungscourse iwwer 20 km bei de Männer an 10 km bei de Fraen net méi am Programm. Nei war dogéint d'Disziplin Team Spirit.

All d'Concourse waren zu Pragelato, eng 80 Kilometer vun Turin ewech. D'Schisprangzentrum läit matzen am Duerf an huet Kapazitéite fir zirka 7500 Zuschauer. Et gëtt eng Groussschanz (HS140), eng Normalschanz (HS106) an dräi Trainingsschanzen. Ronn zwee Kilometer vu Pragelato, tëscht den Dierfercher Pattemouche a Granges, leien op enger Héicht vu 1530-1620 Meter d'Laanglafpisten. Et gëtt zwou Loipen, eng vu 6,2 km (déi "rout") an eng vun 3,8 km (déi "giel"). Laanscht d'Streck ass Plaz fir 8000 Leit (dovu 5400 Sëtzplaze).


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy